EIS LEESCHTUNGEN

Duerch eis large Gamm u Leeschtungen, si mir perfekt ekipéiert fir Iech an all Schrëtt vun Ärem Ariichtungsprojet ze ënnerstëtzen an ze beroden.

Eis expertis

Mir garantéieren Iech een héische Qualitéitsniveau an all deem wat mir maachen.
Entdeckt eis large Gamm u moosgeschneiderte Servicer. Vun der Installatioun vun enger Inselthéik bis op d'Maintenance an d'Reparatioun vun Äre Kichenapparater, mir begleeden Iech an all Äre Projeten. Zeckt net eis ze kontaktéiere wann Dir speziell Iddien hutt.

Spezialisten an der installatioun vun ekipéierte kichen zu lëtzebuerg

Personaliséiert Rotschléi a Kreatiounen
Eis Ekippe sinn héisch qualifizéiert a kënnen Iech ouni Problemer d'Kichen aus Ären Dreem zauberen an och gären Ärer aktueller Kichen een neie, moderne Look verléinen. Mir beroden Iech bei all Schrëtt vun Ärer Kichen, vum Choix vun der Aarbechtsplack, der Finitioun vun den Etagèren, bis bei d'Installatioun vun de Kichenapparater.
Un détail de la façon dont nous pouvons personnaliser vos tiroirs de cuisine.
Personaliséiert Ariichtungen
Dir hutt eng speziell Iddi, déi Iech um Häerze leit? Jidderee verdéngt eng personaliséiert Kichen an där een sech wuel fillt.
Kontaktéiert eis Spezialisten, déi sech freeën géifen Iech een komplett op Mooss geschneiderte Projet ze proposéieren. Materialien, Formen, Accessoiren; mir schafen Är Kiche genau sou wéi Dir se gären hätt.

Elektresch

Mir këmmeren eis em all Aart vun elektreschen Installatiounen. Mat hirer jorelaanger Expertis, kënnen eis qualifizéiert Elektriker all Demande beäntweren, ob fir en neit Doheem oder eng Renovatioun.
Interventiounen am Noutfall
Eis Elektriker kënnen am Noutfall elektresch Interventiounen ausféieren. Wann Dir eng Urgence hutt, kontaktéiert eis a mir probéiere schnellstméiglech ze hëllefen.
Elektresch Installatiounen
Eis Ekippe kënnen Iech bei engem Bau- oder Renovatiounsprojet hëllefen. Sie kënnen Iech och déi bescht Installatioun fir Äre Projet empfeelen.

QUALITéITSPRODUITEN FIR äR KICHEN A WäSCHKICHEN

Mir verfügen iwwert ee grousse Choix vu Produiten, déi mir prezis fir Iech ausgewielt hunn, fir Är Kichen a Wäschkichen anzeriichten: Wäschmaschinnen, Trockner, Staubsauger, Kaffismaschinnen, Frigoen, Truhe,... Mir stockéiere vill verschidde Qualitéitsmarken, wéi z.B. Miele, Bosch, Siemens, etc. a proposéieren déi bescht Produiten, déi Dir aktuell um Marché fanne kënnt zu attraktive Präisser.

Är Maschinn funktionéiert net méi wéi se soll? Mir bidden Iech ee komplette Service Après-Vente un. Kontaktéiert eis fir  Äre personaliséierten Devis ze kréien!
Liwwerung
Mir assuréieren den Transport vun Äre Wuere bis bei Iech heem a këmmeren eis em d'Installatioun wann Dir des net selwer maache wëllt.
Une vue détaillée d'un four.
Verkaf a Commanden
Entdeckt all d'Produite vun eise Fournisseuren an eisem Showroom op der Kockelscheier. Eis Ekippe kënnen Iech beschtens beroden, Commande fir Iech ophuelen an Är Apparater fir Iech empfänken.

Speziell geduecht Solutioune fir Professioneller

Ekipéiert d'Wäschkiche vun Ärem Betrib mat professionellem, widderstandsfäegem a performantem Material. Eis Partner Miele a Schulthess si Referenzmarken wat Wäschmaschinnen, Trockner a Streckeisen ugeet.
Gas stove used in a professional kitchen environment.
Wäschkiche fir Betriber
Mir hunn ettlech Wäschkiche fir Betriber ageriicht a sinn am Verkaf sou wéi am Entretien vu spezielle Maschinne fir professionell Clientë spezialiséiert. Kommt bei eis am Showroom laanscht fir eis Gesamtoffer ze entdecken.